Taboo Podcast Luxembourg

De Podcast iwwer mental Gesondheet zu Lëtzebuerg. Iwwer psychesch Problemer ze schwätzen ass ëmmer nach e groussen Tabu. Dat wëllen d´Wencke an den Thierry änneren. Bei Froen oder Virschléi zu engem Thema, kontaktéiert eis gären per Mail op [email protected] Dir fannt eis op Instagram ënner @taboopodcastluxembourg  Den Thierry an d´Wencke si keng professionell Psychologen. Hei fann dir professionell Hëllef: https://454545.lu/ https://www.prevention-psy.lu/aide/information-sur-la-sante-mentale/





00:57:39 2021-09-18
TRIGGERWARNUNG - An dëser Episode kennt d'Thema Suizid op. D'Wencke schwätzt iwwer säin Trauma, a vum Liewen mat Depressiounen an Angschtgefiller. SANJI ACADEMY MAM CODE "taboo" KRITT DIR BEI WWW.SANJI.LU 15% OP ALLES! ...
00:53:46 2021-09-04
An dëser Episode ass de Yaya beim Wencke an Thierry op Besuch. Hien erzielt eis iwwer séng Erfahrung mat Mobbing an iwwer säin Outing.
00:53:18 2021-08-28
D'Wencke an den Thierry diskutéieren an dëser Episod hier Relatioun zu Sport an Ernährung, an den Impakt op hier mental Gesondheet.
00:56:51 2021-08-21
An dëser Episode ass d'Lisa beim Wencke an Thierry op Besuch. Hatt erzielt eis iwwer seng chronesch Bluterkrankung PNH/AA (Paroxysmal nächtlech Hämoglobinurie an Aplastesch Anämie), a wéien Impakt dat op seng mental Gesondheet huet. Méi Infoe zu ...
00:48:56 2021-08-14
An dëser Episode schwätzen den Thierry an d´Wencke iwwert hier Angscht an hiert Verhältnis zu Alkohol an Drogen. Triggerwarnung: Et gëtt kuerz iwwer sexuelle Mëssbrauch geschwat
00:54:47 2021-08-07
An dëser Episode hunn d´Wencke an den Thierry eng Invitée. Op Besuch ass d´Nadine! Thema ass Hypochondrie an d´Nadine schwätzt iwwer déi vläicht nach net esou bekannten Emetophobie. ...
00:57:45 2021-07-27
Wëllkomm am Taboo Podcast! Wee sinn den Thierry an d´Wencke a wisou maache si dëse Podcast? Dëst a villes méi gitt dir an dëser Episode gewuer.